E'maischen beim Comité Alstad um Rouscht ... an 2 nei Péckvillercher

Et ass neess eng E’imaischen an der Stad …


No zwee Joer Pandémie… an zwou, vläicht e wéineg méi originellen (virtuellen) E’maisercher freeen mir ons drop fir endlech neess eng richteg E’maischen an der Alstad feieren ze können. De Comité Alstad huet dobäi och versicht, zesummen mat de Responsabelen vum „Service Espace Public, Fêtes et Marchés“ vun der Stad Lëtzebuerg, der E’imaischen een neie „Look“ ze gin.


D’Restauéirungsaarbechten an de Stroossen a Gaassen vun der Alstad sin oofgeschloß an hun dësem Deel vun der Uewerstad méi Harmonie a Generositéit verschaaft. Elo hoffe mir, daß neess méi Leit de Wee op onst beléift Volleksfest fanne wäerten, wou d’Alstad neess besser ze begoen ass.


Wéi gewinnt, fand dir de Comité Alstad neess mat sengem Chalet op der gewinnter Plaaz, „um Rouscht“ hannert dem Palais. Vun 10 Auer un ass och neess fir d’Kanner dat beléift Spill ”Eerschëllen” ugesoot an den Daag iwwer ”Face-painting” mam Valentina Becker, um Stand niewent dem Comité Alstad um Rouscht.


De Comite Alstad bidd och op der 193. E’maischen wéi gewinnt seng Péckvillercher fir all Frënn a Sammler un. Een neie Peckvillchen, entwéckelt a produzéiert vun der Ligue HMC op der Cap an den traditionnellen Faarwen vum Comité Alstad (orange a blo), an als „Kréinung“ den handgemaachte Péckvillchen “Sandra”, a limitéierter Editioun vu 50 Stéck. Dëse Péckvillchen haat den éischte Präis vun onsem Péckvillercher-Concours vun 2020 gewonnen. De Comité Alstad ass och ganz besonnesch frou, well d’Gewënnerin vum Concours, d’Madame Sandra Pereira vun Useldeng, sech bereet erklärt huet fir och selwer op der E’imaischen niewent dem Stand vum Comité Alstad hier Konscht viirzeféieren.


Et kann een de Péckvillchen „Péckvillchen’22” aus den Atelier‘en vun der Ligue HMC op der Cap, nach bis de 15. Abrëll 2022 duerch iwwerweisen vun 25,00 € pro Stéck an de “Péckvillchen Sandra” duerch iwwerweisen vun 60,00 € pro Stéck op de Kont vum Comité Alstad bei der Spuerkeess : IBAN LU64 0019 1755 0897 0000 mam Vermierk “Péckvillchen’22” oder/an Péckvillchen Sandra”.


Et siew nach bemierkt dass nëmmen 125 Stéck vum “Péckvillchen’22” a 50 Stéck vum “Péckvillchen Sandra” an de Verkaaf kommen.

No aler Traditioun ass och den Erléis vum Verkaaf vun de Peckvillercher neess fir d’Crèche op Almënster.


Ofhuelen kann ee seng Bestellung op der E’maischen um Stand vum Comité Alstad vun 09:00 Auer bis 17:00 Auer oder spéider am Sëtz vum Comité Alstad op N° 14 an der Siegfridstrooss (fréiert Paschtoeschhaus vu St. Méchel, vis à-vis vum Staatsrot) um Fëschmaart, vum 19. den 22. Abrëll 2022 vu mueres 09:00 Auer - 12:00 Auer.


gj