Éimaischen 2021 beim Comité Alstad

Corona-bedéngt gëtt ët leider och dëst Joer nach keng Éimaischen 2021 an de Stroossen vun der Alstad. Dofir mécht de Comité Alstad eng Éimaischen an hierem Sëtz um Nummer 14 an der Siegfridstrooß ( fréiert Paschtoueschhaus vu Sankt Méchel, vis-à-vis vum Staatsroot ) um Fëschmaart , vu muerjes 9 bis nomëttes 5 Auer, wou een säi Péckvillchen oder Plateau kaafen a mathuelen kann.


De Péckvillchen - ’Editioun 2021 gouf entworf a produzéiert am Atelier vun der Ligue HMC. Den Erléis ass wéi all Joer fir e gudden Zweck. Doniewt kënn dir e schéinen Plateau kaafen, deen an Zesummenaarbecht mam letzebuerger Kënschtler Jacques Schneider réaliséiert gouf. Dëse Plateau (30x 30 cm) mam lëtzebuerger Leiw an am Hannergronn de groussherzogeleche Palais ass geduecht als Erënnerung un den 20. Joeresdag vum Trounwiessel vum Groussherzog Henri, awer och als Hommage fir den 100. Gebuertsdag vun onsem verstuerwenene Groussherzog Jean. Präis vum Péckvillchen : 25.- € a vum Plateau : 45.- €.


D’Geschicht vun der Émaischen an der Aulebäckerei zu Lëtzebuerg

eng Video-Konferenz aus dem Lëtzebuerg City Museum


Am Kader vun de Konferenzen zu « 25 Joer Lëtzebuerger Kulturiewen » wor den 18. März 2021 déi scho fir den 2. Abrëll 2020 geplangten Konferenz iwwert d’Geschicht vun der Émaischen – als immateriellen Kulturiewen an der UNESCO-Zone „ Lëtzebuerg, aal Quartier’en a Befestegungen “ viirgesin. Corona-bedengt konnt déi Konferenz op Lëtzebuergesch nët « live » stattfannen a gouf vum Musée als Video-Konferenz réaliséiert. Hei sin d’Linken, op deenen een d’Konferenz vum Guy Jourdain, President vum Comité Alstad, ka kucken a lauschteren :


https://youtu.be/CYf8n7i5yhg


Erënnert sief och un d’DIGITAL- Émaischen, déi um Site vum UNESCO IMMATERIELLEN KULTURIEWEN zënter 2020 ze gesinn ass :


http://www.iki.lu/post/show/3 .

Domat wënscht de Comité Alstad schéi Feierdeeg mat enger e wéineg anerer Émaischen.