Freed maache mat Chrëschtgesank

Freed maache mat Chrëschtgesank

Wéi all Joer huet de Chouer vun der Uni Lëtzebuerg mat grousser Freed Chrëschtlidder aus aller Welt gesongen, eng Traditioun déi wärend der Coronazäit entstan ass an déi lo kee vun de Sänger méi wëllt mëssen.

An der drëtter Adventswoch waren si zu Fréiseng, Duelem, Diddeleng an zu Gréiwemaacher an den Haiser vun der Fondatioun Kräizbierg, zu Betzder am Foyer Ste Elisabeth an am Fleegeheem zu Maacher.

Iwerall sinn si mat vill Begeeschterung empfaang ginn an d’Pensionären hunn sech et net huele gelooss fir kräfteg matzesangen.

Wann Dir un den Aktivitéiten vum Unichouer intresséiert sidd, da fannt Dir Informatiounen op www.unichoir.lu .