Lëtzebuerg-Belair.
Kierzlech ass am HPPA Sacré-Coeur um Belair groussen Gebuertsdag gefeiert ginn.
D’ Bewunner déi am Abrëll, Mee an Juni Gebuertsdag haten goufen geéiert.
Direktioun ’s Equipe vum HPPA Sacré-Coeur huet mat engem Glas Cremant mat den Bewunner an hiren Invitéen ugestouss. D’ Gebuertsdagskanner hunn sech iwwert eng kleng d’ Opmierksamkeet an déi léif Wënsch gefreet.
Zesumme gouf gesongen, gelaacht an flott Geschichten erzielt. Fir déi gutt Stëmmung huet den Musikant Willy mat senger Musek gesuergt, an Danzpist war gutt gefëllt. Et war e schéinen Dag, dee jiddwereen nach laang a gudder Erënnerung behält. Den Dag gouf mat an engem gudden Maufel aus der Kichen an dem Gebuertsdagskuch auskléngen gelooss.
Follgend Bewunner sinn geéiert ginn:
M. Mouret (72 Joer); M Crauser (77Joer); M Simon (79Joer); Mme Deviscour (83Joer);
Mme Manet- Bosle (84Joer); Mme Klepper-Koster (84Joer); Mme Neu-Trossen (85Joer);
M. Theissen (86Joer); Mme Nicolai-Mersch (87Joer); Mme Biberich-Heintz (89Joer);
Mme Backes-Baum (89Joer); Mme Cannels-Meyers (90Joer); Mme Ollinger-Carl (90Joer); M. Koch (91Joer); M. Bracci (94Joer); Mme Wenner-Fischer (95Joer);
Schwëster Irène Streng (96Joer); MMe Herber-Schaul (97Joer); Mme Welter (98Joer)