Gedenkfeier vun der Amicale Sachsenhausen

GEDENKFEIER vun der "AMICALE des Anciens Prisonniers Politiques et Familles de Disparus de SACHSENHAUSEN/ORANIENBURG"

E Samsdeg 5. Februar 2022 ass d'Gedenkfeier fir déi 19 Gendarmen, Polizisten an Zaldote vun der fréierer Fräiwellegekompanie déi den 2. Februar 1945 am KZ Sachsenhausen/Oranienburg, nördlech vun Berlin, op eng grausam Manéier kaalbliddeg  embruet goufen. Sie hun missen stierwen, well se ofgelehnt hun die däitsch Uniform unzedoen an fir den Hitler an den Krich ze goen.

Dës Feier ass och fir all die aner 110 Lëtzebuerger déi zu Sachsenhausen gefaangen an an Aussenlager an Aussenkommandoen waren an vunn denen der 13 gestuerwen oder ëmkomm sinn.

Em 10.15 Auer ass eng Mass an der Kierch Sacré Coeur op der Gare.

Duerno, um 11.15 Auer beim Monument vun der Arméi um Helleg Geescht-Plateau, Nidderleeën vun Blumen.