Innovativ an interaktiv Ausstellung am LTC

« Engagement pour un développement durable » eng Fotosausstellung vun der ONG Coopération Nord-Sud.

Fotoen a Filmer aus dem Süde vun der Weltkugel weisen net nëmme grouss Ongerechtegkeeten an Aarmut, mee encouragéieren déi Jonk sech anzesetzen an hire Beitrag ze gi fir méi Gerechtegkeet an dëser Welt.

Nieft den Erklärunge ginn déi jonk Leit mam I-Pad duerch dës Ausstellung a kucken d’Filmer déi vun der ONG op hire Projetreese gedréint goufen. Heiduerch kënnen si besser verstoen a wéi engem Kontext d’Beneficiaire liewen.

Wéi den Titel et scho verréit handelt et sech hei net em eng ganz normal Ausstellung, mee de Public kritt gewise wéi d’Aarbecht vun den ONG ausgesäit, wéi een en nohaltege Projet op d’Been sëtzt.

Duerch Workshoppe geet et dann nach e Schratt weider andeems e sech da ganz konkret an d’Liewe vun dëse Leit ka versetzen.