Neit Molbuch fir ze koloréieren vum Comité Alstad

Molbicher fir Erwuessener kennen e grousse Succès. Bis virun e puer Joer gouf d'Koloréieren vu ville Leit nach als eng Aktivitéit fir d‘Kanner ugesinn. Zënter awer déi therapeutesch Auswierkunge vum Koloréieren fir Erwuessener ugefaang hun bekannt ze gin, benotze vill Erwuessener fir Stress no laangen Arbechtsdeeg ofzebauen.


An där Welt an där mir liewen, hu vill Leit de Bedarf fir ofzeschalten an eng roueg, manuell Aktivitéit op Pabeier ze maachen,zevill belaangt. Koloréieren vu Biller ass esou eng bAktivitéit ass sou eng Aktivitéit, déi et och erlaabt kënschtlerech aktiv ze sin, a kleng Wierker ze kreéieren, och ouni artistesch Talenter.

Koloréieren ass eng Kombinatioun vu kreativer Fräizäit a Wuelbefanne fir all Alter.


De Comité Alstad huet elo esou e Molbuch ënnert de Titel "Lëtzebuerg Alstad", an enker Zesummenaarbecht mat de "Frënn vum Mansfeld-Schlass" erausbruecht.


De Lëtzebuerger Szenograph, Kalligraph, Designer a Moler Gilles Becker, deen zu Wien établéiert ass, huet de Panorama vu 1753 vum Wenzel von Callot gescannt, vectoriséiert an deelweis nei gezeechent. Hien huet och zéng Usiichten aus dem dräidimensionale Modell vum Schlass vum Peter Ernst von Mansfeld ausgewielt a préparéiert, fir se faarweg ze molen.


D'Molbuch "Lëtzebuerg Alstad" , mat Explikatiounen op Franséisch, Daitsch an Englesch krit een ze kaafen fir 15 € beim Comité Alstad, 14, rue Sigefroi, L- 2536 Luxembourg / BP 830, L-2018 Lëtzebuerg , comite.alstad@pt.lu.


De Comité Alstad ass iwwerzeegt, datt dës spillerech a pädagogesch Editioun de Spektrum vun touristesch-historesche Publikatioune beräichert, a Jonk wéi Al wäert begeeschteren, dës Usiichten ze fierwen an d'Geschicht vun onser Haaptstad besser kennenzeléieren.