Den Dammen-Service-Club Zonta Luxembourg hat Enn Mäerz e Quiz-Owend zu Beggen organiséiert. Den Erléis vun deem flotten Event, dat ganz vill Zoulaf fonnt huet, gouf gespent u SAKURA, e Service vu Femmes en détresse asbl, dee jonk Fraen tëscht 18 a 27 Joer encadréiert, déi Affer vu physescher a psychologescher Gewalt am familiäre Milieu gi sinn.
E grousse Merci un all déi, di zum Erfolleg vun dëser Aktioun baïgedroen hunn!