Soziaalt Engagement fir d' Ile aux Clowns

Wärend hirem Schoulfest hunn d'Meedercher aus dem Cycle 3.2 vu Capellen selwer gebastelt Braceleten an Halskette verkaaft.

Den Erléis hunn Sie un d'Ile aux clowns gespent.

D'Equipe vun de Spidolsclowne freet sech, datt och déi jonk Léit hir Aarbecht ënnerstëtzen, fir datt si weiderhi krank Kanner kënne besichen, an hinnen an hirer schwiereger Situatioun schéin Momenter vu Laachen a Freed ze bidden.