Bei der 7. Editioun vun der LTS (Luxembourg Tech School) hirer Game Pitch Competition am Forum um Campus Geesseknäppchen hu véier Schüler aus dem Lycée Josy Barthel Mamer (LJBM) e gutt Resultat erziilt. De Präis fir “Best educational game” ass un den Eldin Agovic, Nathan Carré, Damien Jacques a Yan Soisson gaang. Si hunn am 1. Trimester en 2D-Spill mam Numm “Night Driving” entwéckelt, an deem de Spiller iwwert dem Fueren d’Verkéiersreegelen an enger retro-futuristescher Stad an an enger entspaanter Atmosphär léiert. Mir felicitéieren deene véier fir hiert exzellent Resultat, awer och all eisen anere Schüler, déi matgemaach hunn. Virun enger professioneller Jury e Spill virzestellen a géint 18 aner Ekippen unzetrieden, dat ass sécher net einfach, an heibäi huet jiddereen eppes geléiert.