Den LJBM bei de Street Angels

D'Schüler vun der 5G1S aus dem Lycée Josy Barthel Mamer (LJBM) hu fréi am Schouljoer hire Wonsch geäussert, e soziale Projet op d'Been ze stellen, fir eppes Guddes un d'Gesellschaft zréckzeginn. Hire Choix ass op d'Asbl Street Angels gefall, déi de Leit, déi op der Strooss liewen, ënnert d'Äerm gräift. D'Schüler vun der Mosaikklass hu sech dësem Projet dunn ugeschloss an zesumme gouf am Mamer Lycée en Opruff zu enger Kollekt vu waarme Kleeder gemaach. Et si Bréidercher geschmiert an et ass Zopp gekacht a Schockela verpaakt ginn, éier sech déi ganz Ekipp mat den Enseignanten op de Wee op Bouneweg gemaach hunn. 20 Sans-abrië konnten esou deen Dag gehollef kréien. Mir soen der Madamm Kohl an hirer Equipe vun de Street Angels villmools Merci a mir versichen och weiderhin am Kader vum Schoulprojet "Josy helps!" bei hinnen aktiv ze ginn.