'Ee Kick fir Krankheeten' am LJBM

Och dëst Joer war an der Sportshal vum Lycée Josy Barthel Mamer (LJBM) eng weider Editioun vum "Ee Kick fir Krankheeten", organiséiert vum Federico Colavitti, engem eemolege Schüler vum LJBM. Déi zwee Deeg hu vill futtballbegeeschtert Sportler hir Schong gestréckt a sinn an Ekippen géinteneen ugetrueden, dat Ganzt am Kader vum Téléthon. Den Här Wiseler, President vun der Chamber an éischte Bierger vum Land, huet och matgespillt, et war also Prominenz vertrueden. Ugefeiert gouf hien net nëmme vun der Madamm Wiseler-Lima, Europadeputéiert, - och den Här Feller, Buergermeeschter vun der Gemeng Mamer den Här Buchette, 2. Schäffe vu Mamer, den Här Christnach, Direkter vum Lycée Josy Barthel, an d'Madamm Frank, Gemengeconseillère a Presidentin vum Elterecomité vum LJBM, hunn d'Sportler bei hirem Asaz ënnerstëtzt. E super Event fir e gudden Zweck!