Eng zousätzlech BTS-Fachrichtung am LJBM

Communiqué de presse – BTS Building Information Modeling


De Lycée Josy Barthel Mamer (LJBM) huet mat sengem Motto “Du, d’Natur an d’Wëssenschaft” eng kloer wëssenschaftlech-technesch Ausriichtung. Ee kloren Schwéierpunkt vun eiser Offre scolaire läit um Bauwiesen. Als eenzege Lycée aus dem ganze Land kënne Schüler sech fir interessant Pisten aus der Architektur- a Baubranche begeeschteren an aschreiwen. Vum Handwierksberuff iwwert de Bauzeechner bis hin zum Bautechniker offréiert den LJBM vill Méiglechkeeten an der Formation professionnelle an huet doriwwer eraus och eng Architekturklass am ESG (A3D) an och eng urbanistesch Spezialisatioun um Niveau ESC (URBS).


Och am Enseignement supérieur bitt de Lycée Josy Barthel säit dem Joer 2010 d’Méiglechkeet, fir een héije Fachdiplom (Brevet de technicien supérieur – BTS) ze studéieren. Ugefaangen huet dës interessant Héichschoulausbildung mat der Formatioun “Conducteur de travaux”. Am Summer 2012 gouf de BTS “Bâtiments et infrastructures” lancéiert an 2017 koum de BTS “Professions immobilières” dobäi.


Fir d’Rentrée 2022 start am Mamer Lycée eng zousätzlech BTS-Fachrichtung. De BTS “Building Information Modeling”, kuerz BIM, beschäftegt sech mat der digitaler Bauwierksdatemodelléierung. Heibäi gëtt vun engem Bauwierk eng virtuell Maquette geometresch kreéiert a visualiséiert. Baséierend op engem numeresche Modell gëtt de Liewenszyklus vun der Planung iwwer d’Ausféierung bis zum Betrib an dem Recyclage vun engem Bauobjet simuléiert a verwalt. Dës kreativ Formatioun, déi fir de Bausecteur vu grousser Bedeitung ass, gëtt an dëser Form eemoleg zu Lëtzebuerg ugebueden an ass domadder eng interessant Erweiderung an der Offer vum Lycée Josy Barthel.


Weider Informatioune befannen sech op der Internetsäite vum LJBM.


Lycée Josy Barthel Mamer

2, rue Gaston Thorn

L-8268 Mamer

Tél.: +352 26 31 40 1

www.ljbm.lu/bts

bts@ljbm.lu