Erasmus+ am Lycée Josy Barthel Mamer: Cultural Foodprints

“Cultural Foodprints” – ënnert deem Motto huelen dës Woch 14 Schüler vu 5e bis 3e un engem ‘Erasmus+’-Meeting bei eis am Lycée Josy Barthel Mamer deel, zesumme mat 18 Schüler aus der Belsch, Däitschland a Spuenien.

E Sonndeg, den 18.2., hunn eis Schüler hir Gäscht empfaang an e Méindeg hu si en éischten Dag zesummen am LJBM verbruecht. Si hu sech an hir Schoule virgestallt, hu sech bei enger flotter Teambuilding-Aktivitéit un eiser Kloterwand besser kennegeléiert an hunn a Gruppen ugefaang, sech an d’Theema vun der Migratioun zu Lëtzebuerg eranzeschaffen. Analyséiert gouf engersäits d’Auswanderung vu Lëtzebuerger an d’USA an a Südamerika am 19. Joerhonnert, an anerersäits d’Awanderung aus Italien, Portugal asw. op Lëtzebuerg.

An den nächsten Deeg wäerte si eng Rei Visitten an Aktivitéite maachen, Persoune mat Migratiounshannergrond interviewen an analyséieren, wéi eng Foussofdréck d’Migratioun an eiser Kultur (a virun allem och an eiser Iesskultur) hannerlooss huet. Mir wënschen hinnen all eng erliefnisräich Woch!