Erasmus+ am Mamer Lycée: Cultural Foodprints

Am leschten November ware sechs Schüler vu 4e (4C a 4GA3D) aus dem Lycée Josy Barthel Mamer zu Hoogstraten an der Belsch, wou si um éischte Meeting deelgeholl hunn, deen am Kader vun eisem neien “Erasmus+”-Projet organiséiert ginn ass. D’Schüler ware bei enger Gaaschtfamill ënnerbruecht an hu wärend enger ganzer Woch u verschiddenen Aktivitéiten a Visitten deelgeholl, zesumme mat Schüler aus der Belsch, awer och Schüler aus eise Partnerschoulen aus Däitschland a Spuenien.
Déi ganz Woch huet sech ëm d’Theema „Cultural foodprints – Searching for cultural traces of migration” gedréint. Um Programm stoungen – nieft sëllegen Aktivitéiten an eiser Partnerschoul, dem Institut Spijker zu Hoogstraten – och Visitten zu Beringen am Limburg an zu Antwerpen. Eis Schüler haten eng erliefnes- a léierräich Woch.

Mir freeën eis elo schonn, fir d’Delegatiounen aus eise Partnerschoulen am Februar 2024 bei eis zu Mamer am LJBM begréissen ze kënnen.