Flott Gebuertsdagsféier am Home Pour Personnes Agées zu Mamer

Mamer. Rezent goufen am Home Pour Personnes Agées zu Mamer bei der grousser Gebuertsdagsfeier déi Bewunner geéiert, déi am Oktober, November, Dezember an Januar Gebuertsdag haten. Bei flotter Danzmusek vum Rol Girres an enger gudder Coupe, konnten d‘Bewunner mat hire Famillje bis an den Owend eran feieren, deen schlussendlech mat engem gudde Maufel an engem Stéck Kuch op en Enn gangen ass.

Folgend Bewunner sinn geéiert ginn:

Albertine Koenig-Hermann (76), Paul Theves (79), Nelly Schonckert-Biwer (85), Susanne Espen-Gengler (86), Célestine Lux-Breyer (86), Nicole Andring-Brücks (86), Madeleine Mousel-Letsch (87), Marie-Louise Cames (88), Pierre Kill (88), Marie-Josée Schmit-Hiltgen (88), Marguerite Schmitz-Zover (89), Anne Thill-Becker (89), Georges Lebrun (89), Marie-Josée Gausché-Hosch (90), Bernadette Binsfeld-Medernach (90), Alfred Hermann (91), Eugène Thommes (92), Rosa Letsch-Frantz (93), Margot Gilson-Reiter (93), Agnes Hoffelt (94), Josette Remy-Hoffmann (94), Suzanne Gudendorf-Klosé (96), Marie Romé-Lux (96), Berthe Maassen (98), Marie Thill-Mergen (100).