Am Kader vum Projet Mamer in Motion haten déi Jonk vum Jugendhaus Mamer-Garnich, mat Ënnerstëtzung vum Jugendhaus Arcus, der Gemeng Mamer an der maison citoyenne en Charity-run an eng Tombola organiséiert a konnte soumat den Trauerwee an hirer Aarbecht mat Familljen an Trauer ënnerstëtzen.
Tania Alf vun der Trauerwee asbl war frou fir am Dezember 2025 e Scheck vun der Héicht vun 1180 Euro entgéintzehuelen a sot de Jonken an hire Responsaablen e grousse Merci fir hiert schéint Engagement.