Gutt Resultater vun LJBM-Schüler bei 'Maach Math'

Och dëst Joer hu verschidde Klassen aus dem Lycée Josy Barthel Mamer (LJBM) um “Maach Math” deelgeholl. De Maach Math ass ee Wettbewerb, bei deem déi jeeweileg Klass eng Rei mathematesch Aufgabe gestallt kritt, déi d’Schüler da komplett eleng léise sollen. Dobäi mussen d’Schüler souwuel d’Opdeelung a Gruppen an d’Organisatioun ewéi och déi eigentlech Léisung vun de Probleemer iwwerhuelen.
Direkt fënnef Klassen aus eisem Lycée hu sech fir d’Finall qualifizéiert, dat heescht si waren ënnert deenen dräi beschte Klassen aus dem Land an hirer Kategorie. Mir gratuléieren eise Schüler fir hir ganz gutt Leeschtungen:
Eis 7G1 scientifique ass an hirer Kategorie op déi 2. Plaz komm, eis 7C3 ass an hirer Kategorie op déi 2. Plaz komm, eis 6G scientifique ass an hirer Kategorie op déi 2. Plaz komm, eis 6G3/4 (Grupp cours avancé) ass an der selwechter Kategorie op déi 3. Plaz komm an eis 5G1 scientifique ass an hirer Kategorie op déi 2. Plaz komm. Felicitatiounen!