LJBM: Ausfluch vun de 6C- a 5C-Klassen op Maarnech an op Klierf

Leschte Mount sinn d'6C- an d'5C-Klassen aus dem Lycée Josy Barthel Mamer (LJBM) op Maarnech an de Cube 521 d’Theaterstéck « Un sac de billes » kucke gaang. D’Schüler haten d’Buch, dat d’Liewe vun engem jiddesche Jong am 2. Weltkrich a Frankräich erzielt, an der Klass gelies. Souwuel d’Schüler wéi och d’Enseignantë waren impressionéiert vun der Leeschtung vum Schauspiller, dee ganz eleng op der Bün war an an d’Roll vun deene verschiddene Personnagë geklomm ass. Als Requisiten hat hie just eng ganz Rei Wallissen, déi hien esou arrangéiert huet, dass si ee Coiffeursstull, eng Zuchbänk oder de Bürosdësch vun den Nazi duergestallt hunn. No der Visitt am Theater goung et virun op Klierf, wou all Klass un enger anerer Visitt deelgeholl huet. Um Programm stoungen d’Ausstellung Family of man, d’Visitt vu Klierf als Cité de l’image, d’Ardennenoffensiv an d’Abtei.