LJBM-Schüler am Stage nature an Tirol

No zweejäreger Zwangspaus war et erëm esou wäit fir Schüler aus dem Lycée Josy Barthel Mamer (LJBM). 60 Jonker aus de Klassen 3CG URBS & COMED, 3GIG an 3GPS waren mat hiren Enseignanten an de Stage nature op Holzgau an dat wonnerschéint Lechtal an Tirol. Um Programm stoungen Ateliere wéi "Spacemining in the Alps”, “Natierlech schéin”, “Vegan Snacks selwer maachen”, “Nature Art” souwéi “Iphigenie auf dem Berg”. Des Weidere goufe Sportsaktivitéite wéi MTB, Kloteren, Nordic Walking esouwéi Héichtewanderungen iwwer 2000 m ugebueden. Mat vill Spaass an Engagement konnten all eng immens flott Woch erliewen.