LJBM-Schüler besichen de Benu Village Esch

Am Sënn vun hirem Schoulmotto “Du, d'Natur an d'Wëssenschaft” hunn d'Schüler vun der Klass 1TPGC1 aus dem Lycée Josy Barthel Mamer (LJBM) eng Visitt an de "Benu Village Esch" gemaach.

Hei hu si d'Grondgedanke vun dësem Projet erkläert kritt; en Ekoduerf no de Reegele vun der "économie circulaire", dat eng Plattform soll gi fir divers Performancen a Leeschtungen, wéi z. B. eng Plaz, wou lokal Kënschtler hir Produite kënnen ubidden, e Restaurant mat lokalem Bio-Iessen a sozialverantwortlech Kleederproduktioun. Doriwwer eraus ass et eng innovativ Lokalitéit fir Presentatiounen a Workshoppen.

Wärend der Besichtegung vum Chantier vun dësem neie Site, deen als Upcyclingduerf wäert konzipéiert ginn, hunn d'Schüler Informatiounen zu engem alternativen a méi nohaltege Baue kritt. Hei goufen Theme wéi Cradle2Cradle-Baukonzepter, nohalteg Energie- a Waasserkonzepter souwéi lokal-participativ Bauprojeten ugeschwat.