LJBM-Schüler entdecken Beiestäck

D’Schüler vun der 5G1S aus dem Lycée Josy Barthel Mamer (LJBM) konnten am Kader vun der Optioun “Wëssenschaften” an der Biologie d’Beien hautno erliewen. Den Imker Georges Gidt huet hinne voller Begeeschterung e puer Beiestäck gewisen. Et goufe vill Informatiounen zu dëse faszinante Liewewiese vermëttelt. E puer Stäck goufen opgemaach, d’Waben ënnersicht an d’Verhale gekuckt. Am Ufank waren déi meescht Schüler méi zréckhalend, mee se hu ganz séier gemierkt, datt d’Beie ganz friddlech sinn. Den Interêt an Notze vun de Beie fir ons Mënschen an d’Natur goufen de Schüler sécher nach méi bewosst.