LJBM-Schüler entdecken d’Villercher op der Schlammwiss

D'2e- an 3e-Schüler aus der Optioun “Life Science” vum Lycée Josy Barthel Mamer (LJBM) sinn am Oktober op d’Schlammwiss an der Gemeng Schëtter gefuer, fir do dat gréisste Schilfgebitt vum Land z’entdecken. Si kruten d’Beréngungsstatioun gewisen an Techniken, fir d’Villercher ze fänken a si direkt dono nees ze befreien. Et war fir jiddereen en eemolegt Erliefnis, sou vill verschidden a rar Villerchersaarten sou no kënnen ze gesinn. Souguer en Äisvugel war dobäi. Et goufen och e puer amerikanesch Flosskriibsen aus der Syr gefaangen an dono gouf d’Thema “Neobioten” thematiséiert. Zum Schluss sinn d’Schüler nach d’Waasserbüffele kucke gaangen, déi säit engem Joer an dem Naturschutzgebitt op der Schlammwiss-Brill weeden. En décke Merci un den Här Eric Kraus vun der Fondatioun “Hëllef fir d’Natur” fir déi ausféierlech Erklärungen um Terrain.