LJBM-Schüler um Bauerenhaff

Wou kënnt d’Mëllech hir a wéi liewen d’Kéi um Bauerenhaff? Wéini kritt d’Kou e Källefchen a wat sinn d’Aufgabe vum Bauer? Dëse Froë sinn d’Schüler vun der 7G1S an der 7G2 aus dem Lycée Josy Barthel Mamer (LJBM) um Bauerenhaff Vosman an am Mariendall op de Grond gaangen, wou si e flotten Dag verbruecht hunn.

Si ware fir d’éischt de Bauerenhaff selwer kucken a konnten dono an der Kiche mat de frësche Produite Bréidercher, Botter, Kéis a Müsli maachen an natierlech och schmaachen.

Zousätzlech haten d’Schüler och nach en Atelier zur Notzdéierenhaltung, wou si geléiert hunn, wéi d’Ernierung mat der Verdauung a mam Gebëss vum Déier zesummenhänkt. Och déi aner Déiere vum Bauerenhaff goufe mat vill Freed geheemelt, fotograféiert a versuergt.