Optioun 'Life Science': LJBM-Schüler am Burgronn zu Esch-Uelzecht

Fir d’2CC-Schüler aus der Optioun “Life Science” goung et vum Lycée Josy Barthel Mamer (LJBM) op Esch-Uelzecht an de Burgronn fir d’Successioun um Terrain ze entdecken, d. h. wéi aus enger Moundlandschaft d’Planze et lues a lues nees fäerdeg bruecht hunn, den Terrain ze besidelen. Natierlech hunn d’Schüler och de Minette-Steen erfuerscht an no Fossilië gesicht. De Schwéierpunkt vun der Sortie louch um Entdecke vun den Erstbesiedeler bis hin zum Trockenrasen iwwert d’Pioniergehölzer, fir zur Klimaxgesellschaft ze kommen. Zum Schluss hunn d’Schüler d’Minière Haedefeldchen mat hirem Mikroklima analyséiert. De ganzen Nomëtte waren se a Begleedung vum Rosie, dem Azubi-Besuchshond. D’Rosie post ganz houfreg mat de Schüler op der Gruppefoto virun enger Vogel-Nestwurz (Orchidee ouni Chlorophyll).