Prix Henri Kugener fir LJBM-Schüler

Och dëst Joer war de Lycée Josy Barthel Mamer (LJBM) beim Prix Henri Kugener, deen all Joers vun der ALPLG fir all 3eCL-Klassen aus dem Land organiséiert gëtt, vertrueden. D’3CLB/C/G-COMED huet mat hirem Video eng gutt 3. Plaz (2e prix d’honneur) erreecht.
Bei dësem Concours, wou d’Klassen e moderne Projet ronderëm d’Latäin schafe sollen, hunn d’Lisa, d’Noemie, d’Rachel, den Enzo an de Yan, encadréiert vum Här Batista, en interessante Video gedréint: An hirem Video gi si vun hiren aktuellen Hobbyen aus, fir sech selwer -dank engem Flashback an d’Vergaangenheet- als Réimer duerzestellen an ze weisen, wéi hir perséinlech Hobbyen virun méi ewéi 2000 Joer am ale Roum gedriwwen goufen.
Mat hirer Belounung (250 Euro) wäerten eis 5 Schüler e verdéngte kulturellen Ausfluch kënnen organiséieren.