Science Days am Lycée Josy Barthel Mamer

D’Kanner aus dem Cycle 4.1 a 4.2 aus de Gemengen Mamer, Kielen, Habscht, Käerch a Stengefort hunn am Kader vun den LJBM Science Days 2024 e flotten Nomëtteg am Lycée Josy Barthel verbruecht. Ënnert der Uleedung vun den Enseignanten aus dem Departement Biologie an dem Makerspace ass eng Ecosphär, also e Miniatur-Fläschegaart, an enger Luuchtebier ugeluecht ginn. Dës Ecosphär gëtt mat enger LED beliicht.
Déi nächst Seance vun de Science Days ass iwwregens de kommenden Donneschdeg, de 14. Mäerz. Hei ginn et nach e puer fräi Plazen, fir déi ee sech per Email u sciencedays@ljbm.lu nach kann aschreiwen.