Wat soll een, esou agespaart, dann elo ufänken ... ?

Elo gi mir erëm méi gebieden doheem ze bleiwen, da soll een sech beschäftegen (fir net op domm Gedanken ze kommen) ! Firwat net emol an Archiven oder wat soss esou doruechter "vertesselt" ginn ass, wullen a siche goen ! Villäicht sinn do flott Kulturell Dokumenter derbäi, déi awer ze schued sinn fir vergiess a verluer ze ginn. Also....

Lëtzebuerger Lidder däerfen net verluer goen...

Et gëtt ëmmer méi schwéier Wierker erëmzefannen, wann se net eemol archivéiert si ginn, hei ee frappant Beispill: Bruno Granichstaedten: Operette "Sonili"

Deen Numm seet eis net vill an dach huet dee Mann 17 Operetten a Filmmusék geschriwwen. Wie war dee Mann?

Den 1 September 1879 zu Wien gebuer ass hien, well e Judd woar, den 1 Oktober 1938, mat Hëllef vun der Eistreichescher Operettendiva Betty Fischer, déi kuurz vierdrunn no Lëtzebuerg ausgewandert war, mat senger Frau: Rosalie Kaufmann, no Lëtzebuerg ausgewandert.

Spéziell fir d'Sonja Haagen, dem Hary Haagen seng Duechter, deemols 12 Joer al, huet hien eng Operette "Sonili" geschriwwen, an däer si selwer d'Haaptroll mat Brio gespillt huet. De Josy Imdahl huet se op lëtzebuegesch iwwersat a si gouf den 15 Dezember 1939 fir d'éischt opgefouert. Den Henri Pensis huet dirigéiert, ënner der Haaptleedung vum Venant Pauké. Duerno gouf d'Operette "Sonili" ëmmerhin nach eng Doze mol opgefouert.

De Bruno Granichstaedten huet ufangs am "Hôtel de Luxembourg" an der Waassergaass gewunnt an duerno am "Hôtel du Théatre" an der Beaumontsgaass.

Den 19 Januar 1940 ass de Bruno Granichstaedten no New York ausgewandert, wou hien den 30 Mee 1944 gestuerwen ass.

Photo d'Trupp op der Bühn (l.r.)

Léon MAYER, Josy IMDAHL, Emil HAMPER, Maria LAZZERI, Henri PENSIS

Sonja HAAGEN, Bruno GRANICHSTAEDTEN, Suzanne HELLER,

Venant PAUKÉ, Hildchen KLAESS, Marcel KUMMER, Valentin KUMMER, Renée WEBER, Benny SALOMON.

Matgeschafft hunn:

Bruno GRANICHSTAEDTEN, Däitschen Text a Musék,

Josy IMDAHL, huet d'Operette op Lëtzebuergesch iwwersat,

Henri PENSIS, huet den RTL-Orchester dirigéiert,

Léo MAYER als Metzlermeschter Mathias Andillien

Suzanne HELLER als Rousely an Hildchen KLAESS als Madly, seng Duechteren

Hansi KAHN an Josette FELTEN, zwou Frëndinnen

Maria LAZZERI als Madame Everléng , Epicière-Fra.

Marcel KUMMER als Charly, hire Jong, Garagist.

Venant PAUKÉ als Camille Simon, e Moler. Hien féiert och Haapt-Régie.

Sonja HAAGEN als Sonili, dem Camille seng Duechter

Emil HAMPER als Hary, dem Camille säi Frënd.

Valentin KUMMER als Mr. O. Broadwood , ee räichen Amerikaner.

Renée WEBER als Evelyne, seng Duechter.

Margerite NICKELS als Madame Trierweiler.

Madeleine LAMBERTS als Madame Hames.

Roger WARNIER als Bréifdréier

Jules a Marcel van DIEVOET sinn zoustänneg fir Décorsen.


Vun dëser Operette ass weder een däitscht- nach ee lëtzebuergescht Textbuch nach Noutematerial opzedreiwen.

Wie wees eppes doriwwer? All Info un :

Jean Kandel (Lëtzebuerger-Lidder Archiv) 7, rue Luitgardis L-8244 Mamer

Tél: 621 665 212 E-mail: jkandel@tango.lu