Generalversammlung vun der Bech-Berbuerger Musek


Den 18.Juni huet d’Bech-Berbuerger Musek hier 14.Generalversammlung ofgehalen, déi wéinst dem Corona vum Wanter an de Summer verluecht ginn ass.

D’Presidentin Viviane Bohnenberger huet wéi gewinnt d’Politiker, den Dirigent, de Vertrieder vun der UGDA d’Musikanten an d’Familljemembere begréisst an duerch de Programm geféiert. Si huet nach eemol drun erënnert datt 2021 nees ee ganz rouegt Jar war, mat villen Aschränkungen, wäehrend dem awer wann et nëmme goung zesumme Musek gemaach ginn ass. Ugefang gouf a klenge Gruppen, am Schoulhaff, bis no an no d’Normalitéit nees quasi zréck komm ass.

D’Musikantinnen an d'Musikanten sinn all um Dill bliwwen a ware prett fir den 20.Juni 2021, am Kader vun der Fête de la Musique nees den éischte Concert ze spillen. Fir dëst Event hat den Tim Kleren de flotte Flashmob „Smile…it’s contagious“ geschriwwen.

No der Summervakanz ass nees alles quasi normal gelaf, an d’BBM konnt och nees ee schéine Chrëschtconcert am Dezember spillen.

No deene übleche Punkte vun der Dagesuerdnung sinn en etlech Medailen verdeelt ginn,

9 Jugendlecher kruten en Insigne fir 5 Jar

5 Musikant(inn)en si schon 10 Jar bei der BBM derbäi

4 Musikant(inn)en krute eng Sëlwermedail iwwerreecht fir 20 Jar

2 Musikant(inn)en , d’Jeanny Cannivy-Lemmer an den Norb Classen kruten eng Medail de Merite en vermeille avec palmette fir 40 Jar Musek, an den Norbert Classen krut e spezielle Merci well hien elo zanter 40 Jar de Fändel dréit, fir d’éischt fir d’Becher Musek, an déi lescht 14 Jar fir d’BBM

3 Musikante kruten eng Medail en argent Grand-Duc Adolphe, well se scho 50 Jar Musek maachen : de Schiltz Mars, Stoos Claude an Stoos Francis

An dann hate mer d’Éier 2 Medailen en vermeille Grand-Duc Adolphe avec palmette fir 70 Jar Musek ze iwwerreechen, dëst un :

Den Niederweis Luss, den am Alter vun 8 Jar an d’Becher Musek komm ass a bis 2004 aktive Member war, an de

Steffes Vic, dee méi wéi 45 Jar aktive Musikante an der Becher Musek war, an dovunner 30 Jar Vizepresident.

Et war ee richteg flotten Owend, dee mer all zesummen, mat eise Frënn a Familljememberen traditionell bei engem gudde Patt an enger Portioun Spaghetti ausklénke gelooss hunn, gekacht vun eiser Kachequipe.