Manternach - Bei gudder Stëmmung um Willy Seyler sengem 85 . Gebuertsdag goufen 3000 Euro zugonschte vun der Fondation Jean Hamilius Junior gesammelt. Dës Fondation huet et erméiglecht, d’Heemechts Haus vun der Famill Weis zu Manternach ze kafen, fir de Projet vun der Cercle Eric Haas Asbl (www.fjhj.lu/projets/cercle-eric-haas-asbl) weider ze ënnerstëtzen.