Stroossenmaart Lëtzebuerger Produkter

03
Sep
2023
03 Sep

Eise Maart ass wéi gewinnt zu Miedernach ronderëm d' Schoul, wou sech allerhand gedoen huet.


Die lescht Méint a Joren hunn eis gewisen datt et net gutt ass wann all déi Saachen déi mir all Dag brauchen vu wäit ewech hierkommen. Duerfir ass et esou wichteg datt mer lokal a regional produzéieren a konsuméieren. Op eisem Maart fannt dir eng grouss Auswiel vu verschiddene Liewensmëttel déi hei am Land wuessen a verschafft ginn. Eis Aussteller si frou Iech op all är Froen betreffend hir Produkter ze äntweren.

Mir freeën eis op äre Besuch.

Am Numm vum Comité

Pit Friederes

President vum Syndicat d’Initiative et du Tourisme Aerenzdallgemeng


op vun 10:00 bis 18:00 Auer