25en Anninversaire vum Weekend Lëtzebuerger Produkter zu Medernach

Den 25en Weekend vun den Lëtzebuerger Produkter war den 30. an 31. August 2014
an der Sportshal zu Medernach
“Mir hunn am Ländche gutt Saachen, kommt kucken a schmaachen”.
Et waren erem vill Läit op Medernach komm, fir alles wat Guddes am Ländche produzéiert gëtt kucken ze kommen, vum gudde sëffege Lëtzebuerger Béier, iwwert d’Quetschekraut bis bei eis gudd Ham. Och aus de Regiounen, wéi de Mëllerdall, d’Our, der Musel a vu rondrëm de Stausee gëtt et eng Hällewull flott an originell Wueren, déi mat vill Léift produzéiert gi.

D’Visiteure konnten d’Produzente perséinlech kenneléieren, hier Produkter schmaachen an natierlech och kafen.
Fir den 25en Anniversaire war natierlech Gebuertsdagskuch, awer och eng Stempelkaart, woumat én Stempele beim Akaaf bei den Aussteller sammele konnt, an duerno an eng Urne gehäien. Dorauser si dann Gewënner vun flotten Präisser gezun.

Gewenner Concours 25e Weekend vun den Lëtzebuerger Produkter 2014 zu Medernach

1. Präis Openthalt am Alpahotel Walserstuba zu Riezlern am Kleinwalsertal Österreich : Famill Pothoven-Weydert vun Betzdorf
2. Geschenkbox mat „Schwaarz Kréischel’s Allerlei“ vun Eppelpress & Cassero von Beaufort : Mme Jacqueline Thinnes vun Lëtzebuerg
3. Eng Serie Wäiner mat speziellem Etikett vun den Caves Nic Duhr Niederdonven : Mme Anke Gärtner aus Echternacherbrëck
4. Eng Serie Wäiner mat speziellem Etikett vun den Caves Nic Duhr Niederdonven : Mme Georgette Schickes vun Lamadelaine
5. E Colis mat Champes gestëft vun der Chorale Ste Cécile Medernach an engem T-Shirt vun der Brauerei Bofferding : Famill Leiner vun Dudelange
6. E Colis mat Champes gestëft vun der Chorale Ste Cécile Medernach an engem T-Shirt vun der Brauerei Bofferding : Famill Pizzaferri vun Nommern
7. E Colis mat Champes gestëft vun der Chorale Ste Cécile Medernach an engem T-Shirt vun der Brauerei Bofferding : Famill van Goidsenhoven vun Bourglinster
8. E Colis mat Champes gestëft vun der Chorale Ste Cécile Medernach an engem T-Shirt vun der Brauerei Bofferding : Mme Ries Antoinette vun Beaufort
9. E Colis mat Champes gestëft vun der Chorale Ste Cécile Medernach an engem T-Shirt vun der Brauerei Bofferding : Famill Meylender vun Lintgen


Dëss Persounen gin vum SIT Aerenzdallgemeng kontaktéiert an kënne hieren Gewenn am Secretariat, p/a Camping Auf Kengert, L-7633 Larochette-Medernach oofgeholl gin.