Motorikpark beim Buerfuesswanderwee offiziell ageweiht @Medernach-Kengert

Freideg 27. Mee 2016 gouf den Motorikpark beim Buerfousswee Medernach-Kengert offiziell ageweiht mat Madame Francine Closener, Staatssekretaerin am Wirtschaftsministère, Direction du Tourisme.
Zesummen goufen déi verschidden Statiounen oofgaangen wou én säin Equiliber, Balance, Koordinatioun a Kraaft kann trainéieren.

Den Motorikpark™ fuerdert op, de Kierper aneschtes ze bewegen wéi soss („different walking“). Déi verschidde Statiounen invitéieren zum villsäitegen a kreativen Bewegen an der Natur . Gläichgewicht a Muskulatur gi besonnech ugesprach, awer et mecht och Spaass.

Dëss flott Ergänzung zum Buerfousswanderwee ass all Dag zwëschent dem 30. Abrëll an 30. September op, Gruppen sollen sech w.e.g umelden um 837186 oder iwwert www.medernach.info.