De President Änder Friden konnt als Éieregäscht den UGDA-Éierepresident Robert Weyland, de Sekretär vun der USMVL André Hever an den Éierepresident vun der Douane´s Musek Jean-Pierre Reuter op der 34. Generalversammlung begréissen. De Sekretär Fernand Bartemes huet Rapport gemaach iwwer e Joer 2025 mat ganz villen Optrëtter an de verschiddenste Besetzungen. Besonnesch ervirzesträiche waren de Concert zu Viroinval (B) mat der Harmonie Royale des Finances (HRF) an der Zollkapelle Aachen, d´Parad fir Nationalfeierdag mat der HRF an der Garnisounsmusek, de gemeinsame Concert mat der HRF um BENELUX-Dag an awer och nach de leschte Besuch vum Grand-Duc Henri beim CGDIS. E wonnerbare Concert huet Douane´s Musek ënnert der Leedung vun hirem Sous-Chef Claude Hoffmann zu Rëmeleng gespillt, wou hiren eelste Musikant Valentin Weinert säi leschte Solo gespillt huet. De Claude Hoffmann huet interim den Dirigenteposten iwwerholl bis Douane´s Musek en neien Dirigent huet. Den Tresorier Henri Nimax, deen dës Funktioun zënter 30 Joer ausféiert an duerfir mat der Plaquette de reconnaissance Jean-Antoine Zinnen ausgezeechent gouf, konnt e positive Bilan vun der Keess presentéieren, wat et der Douane´s Musek erméiglecht am Summer eng kleng Rees op Hamburg ze maachen. Den USMVL-Vertrieder konnt de Musikante Claude Hoffmann a Max Kuborn d´Medaill en argent vun der USMVL iwwerreechen. De Fernand Bartemes an de Jean-Marie Waldbillig krute vun der UGDA d´Croix de mérite en argent, de Pitt Fischer an d´Viviane Hoffmann kruten d´Sëlwer respektiv Bronze Medaill vun der UGDA an de Michael Koch d´Verbandsofzeechen. Eng besonnesch Éierung fir 80 Joer am Déngscht vun der Kultur an dem Benevolat krut de Valentin Weinert am Numm vun der UGDA duerch de Robert Weyland iwwerreecht. Nodeems de President déi nei Musekskap presentéiert huet, déi bei der Parad fir Nationalfeierdag fir déi éischte Kéier an den Asaz kënnt, huet hien op e gemeinschaftlecht Iessen invitéiert.