23. & 24. Mäerz 2024 Fréijoersmaart am Topaze

Den 23. a 24. Mäerz hu 35 Membere vun „Hobbykënschtler Lëtzebuerg asbl“ am Topaze Shopping Center ausgestallt. Wéi op all eise Mäert huet een nëmme Saachen aus eegener Produktioun konnte bewonneren.

Ënnert anerem gebastelt Ouschtersaachen, Ouschterhuesen, Kränz mat Blumme fir un d'Dieren, vill Artikelen am Haarz, Holzspillsaachen, Gelasert a matt Ledluuchte beliichten Deko Géigestänn, kleng Heemdekoratiounsartikelen aus Holz oder Sperrholz, Keramik, gemoolten Héngereeër, Gänseneeër a Strausseneeër, Seefen aus Naturprodukter, gehäkelt Saachen, Konscht aus Pabeier, Klëppelen, Bicher, handgemaachte Käerzen, Schofsfell, peintures d'oiseaux sur coquilles d'œufs, Kaarten fir all Geleeënheeten, Bijoue mat Natursteng asw.

Um 1.Stack ware 14 Stänn, alles zum Thema „BITZEN“.

Do waren ënnert anerem: selwergebitzten Accessoire fir Grouss a Kleng, wéi Wëschdicher, Läppercher, Krabbeldecken, Bäissréng, Suckelbänner, Mutzen, Poschen, Rucksäck, Patchwork, Këssen, Kannerkleeder a Villées méi.

Op 10 Stänn hunn Hobbykënschtler op hirer Bitzmaschinn op der Plaz geschafft, an et si 4 Atelier / Workshop ugebuede ginn.

Am Atelier 1 konnten d’Leit selwer maachen: Porteclef (fir Kanner) & eng Mäppchen (a Pyramideform), am Atelier 2: Housse fir e Kappkëssen & Schachtelen, am Atelier 3: Nuesschnappech- Housse. Postkaart brodéieren an am Atelier 4 : Scrunchie/Hoerlastik, Hoerband & Handysëtzkëssen

D’Aussteller waren:

Diana Alff-Thom, Diana's Stick und Nähstube; Pascale Arensdorff-Oé, Pascale's, Poschen a méi; Mélanie Bichel Augusto, Bitzen, Made by Melabert; Alexia Boher, Bitzen; Alexandra Cartus, Bitzen a Broderie; Christiane Chrisnach Ciuca, Diamond Painting; Marisa Ferreira Batista, La résine époxy dans toutes ses formes; Marc Fetler, Holzspillsaachen; Marino Fumanti, LEDsLASER; Hannah Gerten, Bitzen; Pascale Grivet-Fideler, Bitzen; Andrzej Grzanka, Kleine dekorative Holzprodukte; Malou Hebert-Kemp, Patchwork; Rita Hellers-Kohl, Kreativ Keramik; Josée Homann, E'er molen bueren fräsen; Madeleine Juncker-Reuter, Patchwork; Margo Kesseler-Vrehen, Natuirseefen; Françoise Lanners, Heekelen; Muriel Lemogne, Knuddel4Kids; Eliane Lothritz, Kosncht aus Bicher ; Michèle Menestret, Klëppelen; Lucia Mota, atelier Mota couture creative; Henriette Nittel, Autorin; Jennifer Olomani, JD "Bougie d'amour"; Marina Pinto Monteiro, Kerzen; Chantal Rizzi, Keramik; Sonja Scheuer, Bitzen; Beby Schickes-Dahm, Schaf und Alpakas Produkte; Simone Schiltz, Poschen & Co by Simchen; Gaby Servais, dentelle aux fuseaux; Tessy Stammet-Boettel, Schmuck aus Glaspärelen; Henriette Steines-Fernandez, couture; Imelda Watelet, coquilles d'oeufs décorées; Marie-Josée Weber, Kaarten; Christiane Weiler, Bijouen mat Natursteng.

Méi Fotoen an Info op www.hobbykl.lu