30.09.2017 Zefridden Aussteller um Hobbymaart am Topaze um Mierscherbierg

Samsdes, den 30.September war et fir déi zweete Kéier wou Hobbykënschtler Lëtzebuerg an Zesummenaarbécht mam Topaze en Hobbymaart organiséiert hunn. Een Dag viru Pappendag konnte en hei nach flott Kadoë fannen.

Och d´Pärzelläinspoppenausstellung vu „Poupées de Heidy“ huet groussen Intressi fonnt an et konnte een dës selwergemaachte Poppen nach bis de 6.Oktober kucke goen.

D´Aussteller waren zefridden an esou steet engem 3.Hobbymaart am Topaze am Joer 2018 näicht am Wee.