Fënneft Editioun vum TASTE on WHEELS (TOW)

Den 9. September war déi 5. Editioun vum TASTE on WHEELS (TOW). Heibäi handelt et sech em eng Randonnée Gourmande mam Vëlo, déi vum Lex a Laurent Reichling organiséiert gëtt a ganz am Zeechen vum gudden Zweck steet. Dest Joer hunn erem eng ronn 100 Vëlosfuerer matgemaach. Den Depart war wéi gewinnt nom Kaffi zu Miersch « Beim Mëchel » op der Maartplaz. No ronn 50 km huet zu Monnerech am Restaurant « Naga » eng Pasta mat Ëmgeréits op d'Sportler gewaart. Zeréck zu Miersch ass dunn dee läschte Gang zervéiert ginn. Déi zwee Restaurants gi vu Concept & Partners gefouert. Duerno si nach eng ganz Partie Trickot’e vu bekannte Cyclisten wéi Christine Majerus, Marie Schreiber, Jempy Drucker, Bob Jungels a Jakob Fuglsang an och vun enge sëllechen anere Sportler fir de gudden Zweck versteet ginn.

Wéi all déi Editioune virdrun, war den Erléis och des Kéier fir e gudden Zweck, an esou geet een Don vu 6.000 € un d’Associatioun « Cycling for Health » déi sech fir d’Lutte géint de Kriibs asetzt. D’Iwwerreechung vum Scheck war den 12. Oktober am « Hitch » um Lampertsbierg a Presenz vum Laurent a Lex Reichling, Serge Haag, Morandini Alberto an Diederich Christophe.