Mersch - Bettembourg 33 - 22


E flotten Mätch an der Sportshaal zu Miersch wou den Nokuckertvill Ofwiesseleung vun deenen 2 Equippen gesinn huet.. Miersch huet vun Ufank un "Heft" an d'Hand geholl an bis zu 5 Goaler Virsprong erkämpft (10-5). Glëcklecherweis hun déi Betebuerger weidergekämpft an esou sin mir mat engem minimalen Virsprong vun engem Goal an Vestiäre gaangen.
No engem Motivatiounsgespréich vun eisem Trainer mat kloren Uweisungen sinn ons Hären erem op den Tärrain komm. Méi Agressivität (Asaatz) an der Verteidegung an de Wëllen de Match ze gewannen hunn déi Betebuerger gebrach an sie konnten eisem schnelle Spill net méi entgéintwierken. D'Resultat ass och mat engem Ënnerscheed vun 11 Goaler an der Rei, a spiggelt den de Matchverlaaf teschend béiden Equippen erëm.

HZ 14-13 Endresultat 33-22

Equipp
Yves Goerens an Jeff Spiewak
Fränk Bingen, Gino Hamalaoui, Nuno Martins, Christoph Kremer, Philippe Kremer, Loic Didelot, Dusan Stankovic, Patrick Malget, Laurent Metzler,


Auteur: Adrien Deischter