Second Hand Maart huet 53 500 Euro erabruecht


Aktiv Frae Miersch hun 10 Schecken iwerreecht

Miersch: Eng Rekord Zomm vun ëmmerhin 53 500 Euro, déi den Erléis vum Second Hand Maart am Mäerz dest Joer organiséiert vun den „Aktiv Frae Miersch“ an der Hal Irbicht zu Biereng duerstellt, konnt viru kurzem a Form vu 10 Schecken un verschidden benevol Hëllefsorganisatiounen verdeelt gin. Agangs huet d’Presidentin Sylvie Hames- Nosbusch jidderengem Merci gesoot, deen derzou bäigedroen huet, datt dest Event zu engem groussen Erfolleg gefouert huet. Ganz speziell gouf dem Virstand mat dem Organisatiounscomité mat allen benevolen Dammen an Hären, der Gemengeverwaltung mam Technischen Service, der Vereenegung „Eng Nei Schaff“, der Jugend vun der Spillerequipe 5x Biereng, souwéi alle Leit déi gudd Kleeder, Spillsaachen, Kutschen a Villes méi gratis zur Verfügung gestallt hun, ganz haerzlich gedankt. Duefir sin di Aktiv Frae Miersch dess Kéier ganz houffrig drop, fir di absolut Rekord Zomm vun 53 500 Euro können ze verdeelen. Je e Scheck vun 6 500 Euro sin un folgend Vereenegungen verdeelt gin : Pour une Parenthèse asbl (Muller Noémie), Hof Peters (Peters Sylvia an Genten Freddy), Médecins du monde (Hanck Andrée a Ralph), Trauerwee (Thill Simone an Liette Hilgert), Fondation EME (Schmit Myriam, Chrëschte mam Sahel (Fischbach Marc, Mme Ourth- Schaffner an Ernst Tom ). 5 000 Euro waren fir d‘ Haërzkrank Kanner (Lentz Dany). 3 500 Euro hun AMVA- Association pour Malvoyants et Aveugles (Link Pascale a Krings Claudine) iwerreecht kritt an 1 500 Euro waren fir d‘ Oeuvres paroissiales Miersch (Schroeder Camille). D‘Jugend vun der Spillerequipe 5x Biereng (Nelson Costa) hun sech iwert 500 Euro gefreet. Folgend Organisationen hun och en Don iwerwisse kritt, an zwar Télévie (3 000 Euro, Nei Schaff (500 Euro) an Een Häerz fir Streuner (500 Euro). Noodeems dat di verschidden Organisatiounen hirt jeweiligt Aufgabegebiet nach kuerz virgestallt hun, an fir di generéiss Spenden villmols Merci gesoot hun, huet de Buergermeeschter Michel Malherbe d’Aktivitéiten vun de Aktiv Fraen Miersch besonnesch erviergehuewen, huet dess Scheckiwwerreechung bei flottem Zesummesin säin würdigen Ofschloss fond. Den nächsten Second Hand an der Hall Ierbicht zu Biereng ass vum 8. bis zum 11. Oktober 2025 elo schon fest am Kalenner ageplangt. (CR) (Foto: Charles Reiser)