Scheckiwwerreechung zu Mierschent

16
Mar
2026
16 Mar

Freides den 13. Mäerz huet de Comité vum Duerfveräin „Di Merschter“ Asbl hir Memberen op hir järlech Generalversammlung invitéiert. Nieft dem traditionellen Agenda mat engem gutt gefëllte Manifestatiounskalenner 2025, stoung dëst Joer awer nees eng Scheckiwwerreechung um Programm. Et war „SOS Détresse Asbl“ déi mat engem Don vun 1.000 Euro belount goufen. Bei dëser Associatioun gi betraffe Leit, déi e Besoin hu fir hir Suergen auszedrécken, op der Telefonsnummer +352 454545 vun engem forméierte Mataarbechter entgéint geholl. Eng 80 Volontairen hëllefen esou verzweifele Matbierger an deems si nolauschteren an d’Persoun un eng geeegent Hëllef weiderleeden. Fir dass d’Mataarbechter awer och vun doheem aus kënnen hëllefen, ass viru kuerzem en Teletravail ageriicht ginn. Mam Don huet „SOS Détresse Asbl“ d’Méiglechkeet fir e kompletten digitale Set fir esou eng Hëllefskraaft ze kafen.

Weider Informatioune fannt dir ënner „454545.lu“