DP-Wahlversammlung zu Mäertert

Bäi dëser Versammlung, déi an enger anerer Form wéi üblech ofgehalen gouf, huet de Spëtzekandidat Armand Jaminet den Bilan gezunn vun sechs Joer LSAP/CSV Koalitioun.

Dësen ass dann och net sou positive ausgefall wéi der Majoritéit hire Bilan, besser gesoot wéi den, den vun der LSAP un d' Awunner vun der Gemeng verdeelt gouf.

Duerno hunn d'Kandidaten sech presentéiert, an uschléissend huet den Armand Jaminet den Programm virgestallt, ënnerluecht mat Photoen an Beispiller,

Zesummen gestalten, ass den Motto vun der DP, an duerfir konnten d'Bierger aus Mäertert hier Froen un d'Kandidaten stellen an selwer och nach Proposen maachen.

Et wor een gelongenen, interessanten Owend gewierscht, zesummen mat den Mäerterter Leit.