Conveniat zu Méischdref op der Ënnersauer.

“Als Baueren Dierfchen un der Ënner Sauer bekannt .
Vu jidderengem als Méischdrefer Wëllef vernannt.
Un seng Kannerzäit sech zu Meeschdrëf gären erënnert
och wéi vill vun hinnen fort geplënnert. “

Esou beschreift e Méischdrefer dat an enger Broschür et, an et kann een et haut roueg esou iwwerhuelen wéi et do steet.
Esou hu mir, déi vun de Joergäng 1943 – 1954 et a Momenter gefillt, wéi mir den 4. Juli vun dësem Joer eise Conveniat an dësem Duerf gefeiert hunn.
Et ass ugaangen mat enger feierlecher Mass déi de Kierchechouer Méischdref-Bour mat grousse Kënnen eis gebueden huet - hinnen an dem Här Paschtouer Luc Schreiner e grousse Merci.
No dëser Feierlechkeet goufe mir dunn an eiser aler Schoul, wou mir während
8 Joer d’ Schoulbänk gedréckt hunn, vum Här Buergermeeschter, dem Här Joseph Schoellen op den Éierewäin a gelueden. Et war um Organisateur eng grouss Éier, déi vill al Schoulkolleginnen a -kollegen ze begréissen. No engem Historique iwwer déi Zäit, wou si zesumme an Schoul gaange sinn, huet hien dem Buergermeeschter Merci gesot, fir dee nobele Geste an all deenen déi et méiglech gemaach haten, dat et ee grousse Succès gi war. No dem Mëttegiessen am Hotel Restaurant Gruber zu Steenem wou en edele “Schmaus” eis zerwéiert gouf, souze mir nach op der Terrass wou e klenge Schluet Reen e bësse fir Ofkillung gesuergt huet, an hunn déi kleng Streidereie vu fréier vergiess, well wat méi intressant war, war fir gewuer ze ginn wat da jiddereen esou a sengem Liewen erreecht huet, a wann et och nëmme war fir de Virwëtz ze stëllen.
Zum Schluss kann een Folgendes soen, dat et flott ass sech mat iwwer 70 Joer a nach rüsteg erëm ze gesinn, a wann et eis méiglech ass, an 2 Joer op der selwechter Platz.
Jang LOES