Beim FC Monnerech: Nei Saison, neie Kader, nei Ziler

Déi lescht Saison war et beim FC Monnerech no der Wanterpaus net méi richteg gelaf. D'Équipe ass net méi op Toure komm an et sollt einfach näischt geléngen. Et war och vill Pech dobäi an och am Barragematch huet dat keen Enn fonnt. Esou spillt den FC Monnerech no laanger Zäit nees an der éischter Divisioun.

Mam Manuel Correia huet den FC Monnerech allerdéngs och e ganz gudde Mann u Bord geholl. Hien ass total éiergäizeg an de Club ass iwwerzeegt, dass dat wat de Manuel bei senger Virstellung gesot huet, och net just eidel Wieder sinn.
Zu Monnerech gëtt elo eppes komplett Neies opgebaut. An och wann den Trainer absolut keen Drock kritt, esou setzt hie sech selwer ënner Drock a seet, dass hien um Enn vun der Saison op der éischter Plaz stoe wëllt fir esou direkt nees an't Éierepromotioun opzesteigen. Hie wëllt den FCM esou guer an't BGL Ligue féieren. Seng Ambitioune ginn nach méi wäit, wëllt hien dach enges Daags Trainer vun der Nationaléquipe ginn.

Fir de Moment kann den FC Monnerech jiddefalls vun him profitéieren. Et sinn dëst Joer geziilt keng bis op eng Ausnam keng Spiller aus dem Ausland verflicht ginn. Et ass eng gesond Mëschung aus erfuerene Spiller a ville jonke Spiller. Et fält och op, dass e puer Jugendtalenter mat an den erweiderte Kader opgeholl gi sinn. Si sollen emol mat trainéieren, a wa si esou wäit sinn, kréie si och lues a lues déi néideg Spillpraxis.

De 25. August geet d'Championnat an der 1. Divisioun an déi nei Saison. Fir den éischten Spilldag empfänkt den FC Monnerech d'Luna vun Uewerkuer.

Hei den erweiteren Kader 2013/2014 vum FC Monnerech:

Goalkeeper: Fares Djeghima, Yann Duarte, Matteo Tommasi

Ofwier: Alexandre Fus, Ibrahim Diop, Gilles Meurisse, Luca Cogoni, Bizy Tondélé, Philippe Freitas Morgado, Hugo Vieira Castro, Yannick Afoun, Jonathan Agostini, Cédric Biever, Sven Biever, Tom Van Den Bossche, Hector Varela, Alex Pauly, Bruno Meier

Mëttelfeld : Giuseppe Cipolla, Geoffrey Croughs, Michael Simon, Dhur Joshua, Nimon Muslji, Nuno Gonçalves, Franck Fehlen, Steve Cabral, Ricardo Centrone, Duy Doan Nguyen, Eric Faber, Peddy Geschwind

Ugrëff : Dario Cunha, Sébastien De Sousa, Daniel Magalhaes, Sidi Baba, Gianluca Bei, Soriba Camara, Ricky Sousa, Kevin Hoffmann, André Oliveira

Trainer : Manuel Correia
Co-Trainer: Sébastien Chedal Anglay
Goalkeepstrainer: Thierry Balance

Masseur: Feriel Taibi

President: José Dhur
Vize-Presidenten: Jupp Biever an Liane Galasso

Déi Nei déi dobäikomm sinn:
Déi dräi Trainer (Union Kayl-Téiteng), Afoun (FC Déifferdeng 03), Agostini (ES Crusnes (F)), C. Biever (FC Déifferdeng 03), Varela (RFCUL), Cabral (SC Stengefort), Centrone (RFCUL), D. Nguyen (CS Uewerkuer), Baba (US Rëmeling), Bei (FC Déifferdeng 03), Camara (CS Péiteng), Sousa (Avenir Beggen), Faber (ES Schuller)

Déi wou de Club verlooss hunn:
Even (Swift Hesper), Selimovic (CS Fola), Houssou (Äischdall), Herber (ES Schuller), Fofana, Massandouno, Proietti, Kurbardovic und K. Gonçalves, Coutray De Pradel (do wësse mer net wou se hin sinn), Chrismousse (fin Carrière). Texeira Abreu (ass nees zeréck an Portugal)