Den FC Déifferdeng feiert beim FC Monnerech

Jo, et ass net alldeeglech wat de Freiden den Owend um Stade Communal zu Monnerech geschitt ass.

Den FCM war grad am gaangen e Virbereedungsmatch géint den FC Lorentweiler ze spillen, wou op ee mol e puer Supporteren, dorënner den Yann Logelin, déi den Dag virdu mam FC Déifferdeng op Utrecht waren, hire risege FCD 03-Fändel ausgerullt hunn an op de Gradins exposéiert hunn. Si waren op Monnerech komm fir hir Déifferdenger Spiller ze gesinn déi dës Saison beim FCM spillen. A virun allem ware si zesummen op Utrecht d'Sensatioun materliewen. Eng flott a sympathesch Initiative. Fir mech, d'Bild vum Dag (oder vum Owend). Vun hei aus an am Numm vum FC Monnerech, e ganz décken BRAVO op Déifferdeng fir déi super Leeschtung déi dem ganzen lëtzebuerger Fussball gutt deet.

Iwweregens huet Monnerech de Match dank enger gudder zweeter Halschent mat 5:0 gewonnen. Zwee Goaler goungen op de Kont vun engem Déifferdenger, dem Gianluca Bei. Zwee mol hat den Daniel Magalhaes getraff an eemol den Soriba Camara.