Sensationell, no engem fantasteschen an Hitchcockräiffen Krimi huet den FC Monnerech et praktesch a leschter Minutt gepackt a gëtt Champion an der 1. Divisioun. Déi ganz Saison war et spannend. Et war eng ganz staark Divisioun an den FC Monnerech war déi Équipe déi een huet misse schloen. Deementspriechend huet keen deene Monnerecher eppes geschenkt. Mee dat war d'Rechnung ouni de Wiert gemaach. Den FC Monnerech hat dëst Joer eng phantastesch Équipe. Einfach super Jongen an en Trainer dee ganz einfach sensationell ass. De Manuel Correia huet déi richteg Entscheedunge getraff a wousst ëmmer seng Jongen ze motivéieren an huet si zu Héchstleeschtunge gedriwwen. Och seng zwee Assistenten hunn him dobäi gutt gehollef.
Um leschte Spilldag vun der Saison op der Luna war et nees net einfach. Den Uewerkuerer Goalkeep huet alles gehale wat ze hale war an huet déi Monnerecher bal zum Verzweiwele bruecht ... bis de Sidi Baba mat enger Kappballverlängerung den 0:1 an der 76.' geschoss huet. An der Nospillzäit huet ee vun deene beschte Monnerecher, de Riccardo Centrone, dee wichtegen 0:2 gemaach. De Schlusspunkt huet dee sympatheschen Ibrahim Diop gemaach. 0:3 stoung et um Enn an et huet een op d'Schlussresultat vu Lamadelaine - US Esch gewaart. Wou bis bekannt war, dass et do 0:0 ausgaangen ass, do ass esou richteg gefeiert ginn. Monnerech ass nees an der Éirepromotioun. Bravo !