Minimes 2 vum FC Monnerech steigen

Den Trainer Paulo Da Silva ka sech och iwwert eng gelonge Saison freeën. No Startschwieregkeeten hu seng Jongen am zweeten Tour alles platt gewalzt an ausser engem Match se all gewonnen. Mat engem Dag viru Spillschluss sti si nom 1:0 géint Éilereng alleng un der Spëtzt a kënnen net méi ageholl ginn.

Super Leeschtung Jongen. Dir sidd eng richteg Équipe déi zesummen hält a kämpfe kann.
Bravo!