Vältesdaag mat Ambulanz Wonsch

🚑 D'lescht Woch e Mëttwoch ware mir ënnerwee, fir engem Här (1930) a senger Fra e schéine Vältesdag ze organiséieren.

💞Wéi mir ukoumen, goufe mir vun enger charmanter a gaaschtfrëndlecher Koppel begréisst. Si hunn eis erzielt, datt si schonn zanter 72 Joer bestuet sinn. Mir waren impressionéiert, mee éierlech gesot, net wierklech iwwerrascht, well mir gesinn hunn, wéi vill Léift tëschent deenen zwee ass. Dat war schéin.

🦋Leider huet den Här sech net gutt genuch gefillt, fir mam eigentleche Plang vum Dag weiderzemaachen.

💝Dat ass natierlech ni e Problem fir eis Ekipp an esou hu mir ganz einfach d'Pläng ugepasst, fir datt awer nach schéin Erënnerunge geschaaft konnte ginn.

www.ambulanzwonsch.lu

@ facebook: Ambulanz Wonsch