De 16. November huet d’Harmonie Moutfort-Medingen nees op hiren HMM meets Vocals invitéiert, deen dest Joer an Zesummenaarbescht mat de Chorale vu Conter a Schetter stattfonnt huet.
Déi dräi Ensembele konnte viru vollem Sall mat bekannte Melodien d'Leit ënnerhalen, ob et méi schmasseg Melodie ware mat Stécker wéi Money, Money, Money (ABBA) oder Africa (Toto), oder méi emotional wéi Hymn to the Fallen (aus dem Film Saving Private Ryan) oder ënnerhalsam Postkaarte vu Lëtzebuerg (e Potpourri vu bekannte Lëtzebuerger Vollekslidder). D’Leit am Sall hu sech et net huele gelooss, den Orchester an d’Chorale mat engem waarmen Applaus fir hir Leeschtung ze belounen an nach zwou Zugaben anzefuerderen, éiert dëse flotte Concert op en Enn koum.
Merci deenen zwou Choralen, datt si bei dësem flotte Projet matgemaach hunn!
E Merci fir d'Fotoen vum Owend geet un den Jean-Jacques Mouris an de Josy Thill.