Rendez-Vous mam Asterix an Obelix zu Réimech

De Club des Jeunes Éiter-Schraasseg an d'Pompjeeë Mutfert-Méideng hun iwwer d'Wanterméint an enger flotter Zesummenarbecht e Woon opgeriicht, fir u verschiddene Kavalkaden deelzehuelen. D'Thema vum Woon sin d'Gallier mam Asterix an Obelix, déi den Ugrëffer vun de Réimer musse standhaalen. Mat dësem Thema gëtt an engems e bësse Reklamm fir de Festival de la B.D. zu Conter gemaach, deen dëst Joër den 21. an 22. Juli ass. http://www.bdcontern.lu/
No de Kavalkade vu Wincheringen an Dikkrich iwwer de Fuesweekend ass ët dëse Sonnden op Halleffaaschten déi vu Réimech, déi nach um Programm steet, ier d'Fuesend dann definitiv fir dëst Joër gehaalen ass.