Choco Après-Ski Mensbech & Bodykicker-Tournoi - Org. vum Club des Jeunes Schëtter

De Club des Jeunes Schëtter invitéiert iech all herzlech op seng Choco Après-Ski Party den 21. Januar zu Mënsbech am Centre Culturel.

E Freiden den Owend wärten d'DJ's Hoffi & Zambezi allen Après-Ski Fans ab 21 Auer eng virtuel an musikalesch Rees an d'Alpen bidden.

Den Highlight vum Owend ass dann den Optrëtt vum Après-Ski Gott Tim Toupet.

Den Entrée kascht 5€ am Virverkaaf an 8€ an der Oweskees. Virverkaaf-Tickets fann der an der Schëtter Stuff an am Choco.

Den 22. Januar ab 12h fënnt dem Club des Jeunes Schëtter sain groussen Bodykicker-Tournoi statt, wou ërem eng etlech Equipen aus dem ganzen Land an zwee iwwerdimensionalen Kickeren openeen treffen an em den Gewënnertitel vun 2011 kämpfen.

Ab 16h geet et dann parallel zum Bodykicker-Tournoi rem iwwer an den Après-Ski Feeling! En Fest fir grouss an kleng!

Kommt lanscht, sief et fir matzespillen, noozekucken, oder nëmmen e Pättchen mat der Famill an de Frënn ze drénken!

Den Entrée ass GRATIS!

Méi Informatiounen, sou wéi d'Umeldungen fir de Bodykicker fann der op www.cjs.lu

More news by Club des Jeunes Schëtter >